Mëtt 2017 war Easy-Hëllef eng Iddi déi just um Pabeier existéiert huet.
Haut steet Easy-Hëllef fir Qualitéit, Transparenz, Simplicitéit, Disponibilitéit
an Fortschrëtt.
Onst Ziel ass et d‘Nohëllef esou einfach wéi méiglech ze gestalten.

Mat onser Erfarung wëssen mir op wat et bei enger gudder Nohëllef ukënnt.

Mir loossen Iech als Client bei kengem Schrëtt eleng, mir si permanent fir Iech do.

Mir vermëttelen Iech kee Tutor aus engem einfache Grond, Dir sollt de Choix hunn an unhand vum Tutor-Profil entscheeden op dat de Richtege fir Iech ass.

Lëtzebuerger Studenten déi am Ausland studéieren hunn d‘Méiglechkeet Nohëllef vun egal wou aus ze ginn an sech niewebäi Täschegeld ze verdéngen.
Ënner anerem kënne privat wéi och fest agestallt Persoune bei ons Nohëllef ginn. (ënnert der Konditioun dat se ons Kritären erfëllen!)

Wärend der Summervakanz huet Äert Kand een Noexamen, Dir wëllt awer net op d’Rees verzichten. Mir erméiglechen Ärem Kand gemittlech online Nohëllef vun iwwerall aus.